Schoulkommitee

De Schoulkommitee gëtt vun de Léierpersounen aus der Schoul fir 5 Joer gewielt. An eisem Schoulkommitee sinn aktuell folgend Memberen:

Opgrond vum Schoulgesetz vum 6. Februar 2009 betreffend d’Organisatioun vum Enseignement fondamental huet de Schoulkommitee folgend Missiounen:

  • Eng Propositioun fir d’Schoulorganisatioun ausschaffen
  • De Schoulentwécklungsplang ausschaffen an auswäerten
  • Eng Propos fir de Schoulbudget opstellen
  • Säin Avis zu Froe ginn, wat d’Schoul betrëfft
  • Weiderbildunge fir d’Léierpersonal organiséieren
  • d’didaktescht an d’informatescht Material verwalten

De Präsident/d’Präsidentin vum Schoulkommitee ass zoustänneg fir:

  • d’Aarbecht vum Schoulkomitee ze koordinéieren
  • Zesumme mam Direkter fir ee gudde Fonctionnement vun der Schoul ze suergen an d’Aarbecht vun de pedagogeschen Equipen ze koordinéieren
  • d’Relatioun mat folgende Schoulpartner ze garantéieren: d’Gemeng, Elteren an Elterevertrieder, d’Maison relais an d’Schoulmedizin
  • Ersatzpersonal ze empfänken
  • Nei Schüler a Schülerinnen an hir Klassen anzeweisen
  • d’Stonnepläng vun de verschiddene Léierpersounen ofzestëmmen
  • d’Donnéeë vun de Schüler ze geréieren
  • de Buergermeeschter iwwert all onbegrënnten Absence vun de Kanner an der Schoul ze informéieren
  • an Ausnamefäll eng Dispens ze accordéieren (net méi wéi 5 Deeg hannerteneen)

Dir kënnt de Präsident vum Schoulkommitee ënnert folgender Mailadress kontaktéieren: laurent.kohl@education.lu