Instituteur spécialisé en compétences numériques (I-CN)

Instituteur spécialisé en compétences numériques

Dëst sinn d’Aufgabe vum I-CN:

  • d’Léierpersonal eenzel an als Equipe an hirer pedagogescher Aarbecht mat de Schüler*inne begleeden a se aktiv beim Asaz a beim Benotze vun den Informatiouns- a Kommunikatiounstechnologien ënnerstëtzen
  • d’Léierpersonal eenzel an als Equipe an hirer pedagogescher Aarbecht begleeden a se aktiv ënnerstëtze fir bei de Schüler*innen innovant pedagogesch Praktiken ëmzesetzen, déi dem Léiere mat Medien nëtzlech sinn
  • enk mat de Léierpersounen zesummeschaffen, déi fir d’Gestioun vum „Parc informatique“ dechargéiert sinn an si bei der pedagogescher Animatioun vun Aktivitéiten am Zesummenhang mat der Aféierung vun de Schüler*innen an d’Informatik ënnerstëtzen
  • de Schoulcomité an d’Schoulcommunautéit an der Ausaarbechtung vun enger digitaler Mediepädagogik an der Implementatioun dovunner am Kader vum Schoulentwécklungsplang begleeden an ënnerstëtzen
  • sech mat den „Instituteurs spécialisés en développement scolaire“ (I-DS) a puncto Schoulentwécklung am Beräich vun der Integratioun vun den neien Technologien austauschen a mat hinnen zesummeschaffen
  • d’Implementatioun vun den neien Technologië mat der concernéierter Regionaldirektioun koordinéieren
  • déi neitsten technologesch a pedagogesch Entwécklungen am Beräich vun de Medie kennen an de Schoulen dobäi hëllefe fir kontinuéierlech hir methodologesch an didaktesch Approche en Fonctioun vun dësen Entwécklungen unzepassen
  • mat deenen anere Responsabelen an Aarbechtsgruppen am Beräich vun den digitalen Technologien a vun de Medien zesummeschaffen