Accès

Parking

Fir d’Sécherheet wärend de Stousszäiten um Campus ze garantéieren, ass de Parking ronderëm de Schoulufank an de Schoulschluss zu folgenden Zäiten zou:

  • 7.20 – 7.50 Auer
  • 11.40 – 12.15 Auer
  • 13.40 – 14.10 Auer
  • 15.30 – 16.05 Auer

D’Kanner solle mat der „Mobilité douce“ oder mam Bus op de Campus kommen. D’Eltere vun de Kanner aus dem Précoce hunn ab 7.50 Auer mam Auto Accès op de Parking fir hir Kanner an d’Schoul ze bréngen.

Gebai

Fir dass d’Kanner am Gebai vum Campus Helperknapp vun enger maximaler Sécherheet profitéieren, gëlle folgend Reegele fir den Accès:

  • Schoulufank, Précoce a Cycle 1: Moies fir de Schoulufank duerfen d’Eltere vu Kanner aus dem Précoce an aus dem Cycle 1 zesumme mat hirem Kand bis an den Hall vum Gebai, wou d’Léierpersoun vun der Klass op si waart. Dës geet bei Schoulufank zesumme mat all de Kanner erop an de Sall an d’Eltere sinn dee Moment gebieden, d’Gebai nees ze verloossen.
  • Schoulufank, Cyclen 2-4: d’Kanner aus de Cyclen 2-4 ginn eleng bis bei hire Klassesall. Falls hir Eltere si op de Campus begleeden, bleiwen dës virum Gebai.
  • No Schoulufank, Précoce: Am Précoce duerfen d’Kanner no Schoulufank bis zu enger Stonn méi spéit, also bis spéitstens 8.50 Auer ukommen. Elteren, déi mat hirem Précocekand méi spéit wéi Schoulufank kommen, droe sech beim Erakommen am Agang op enger Lëscht an an duerfen hiert Kand dann erop bis bei de Klassesall begleeden. Beim Erausgoe musse si sech am Agang och nees ausdroen.
  • Schoulschluss (mëttes an nomëttes): d’Elteren, déi hir Kanner no Schoulschluss zu Fouss bei d’Gebai siche kommen, si gebieden, um Terrain tëscht dem grousse Gebai an der Sportshal ze waarden. Et ass wichteg, dass d’Haaptagangsdier vum grousse Gebai fräi bleift.