
Dëst war ee Pilotprojet am Schouljoer 2022-2023. D’Planung fir eng nächst Editioun am Schouljoer 2023-2024 leeft. Méi Detailer dozou ginn et fir d’Rentrée.
Mir wëllen dëst Joer fir d’éischt mat engem Team aus eiser Schoul un der Regional-Finall vun der FIRST LEGO League deelhuelen.
Wat ass d’FIRST LEGO League?
D’FIRST LEGO League ass ee weltwäite Bildungsprogramm, dee vun der amerikanescher Stëftung FIRST, LEGO an anere Sponsoren an d’Liewe geruff ginn ass. De Programm erméiglecht SchülerInnen een altersgerechten Astig an d’Beräicher Fuerschung, Konstruktioun a Programméierung. Esou kënne si scho fréi hiren Interessi un de MINT-Fächer (Mathematik, Informatik, Naturwëssenschaft an Technik) entdecken an hir Kommunikatiounsfäegkeet, sou wéi hiren Teamwork stäerken. Konkret geet et ëm d’Disziplinen Robotergames, Fuerschungsaarbecht, Teamplay a Roboterdesign. Dëst Joer ass weltwäit d’Thema „Super Powered“. Fir déi meescht vun eis ass et selbstverständlech, dass mir ëmmer an iwwerall „Energie tanke“ kënnen. Awer wéi gëtt eis Energie eigentlech produzéiert, gespäichert, verdeelt a verbraucht? Wäerte mir ëmmer genuch Energie zur Verfügung hunn? Wéi kann d’Zukunft vun der Energiegewannung a vum Energieverbrauch ausgesinn?

Schnuppercours vu September bis Oktober
Vum 28. September bis de 26. Oktober 2022 wëlle mir bis zu 20 interesséierte Kanner aus dem Cycle 4.1 d’Chance ginn, mëttwochs tëscht 12.40 an 13.55 Auer bei eis an de LEGO Workshop ze kommen. Hei schaffe mir mam LEGO® Education SPIKE™ Prime Material. Déi Kanner, déi deen Dag an der Maison relais ageschriwwe sinn, iessen ier si bei eis kommen.
Training vun November bis Mäerz/Abrëll
Vu dass eist Team, mat deem mir un der Regional-Finall deelhuelen, just aus maximal 10 Kanner bestoen duerf, kucke mir de 26. Oktober zesummen, wat fir eng Kanner aus dem Schnupperkurs an d’FIRST LEGO League Team Schoul Helperknapp kommen. Wa méi wéi 10 Kanner dorunner interesséiert sinn, da wiele mir déi engagéierst an talentéierst Kanner aus dem Schnuppercours aus. Am Fall vu gläich staarke Kanner loosse mir d’Lous entscheeden. Déi 10 qualifizéiert Membere vun eisem Team komme vun November u wärend de Schoulwochen weider all Woch mëttwochs tëscht 12.40 an 13.55 Auer op den Training. D’Finall ass am Mäerz oder am Abrëll 2023 a fënnt normalerweis op engem Samschdeg statt. De genauen Datum gëtt nach festgeluecht a matgedeelt. No der Finall ass viraussiichtlech kee Lego League Training méi fir d’Kanner aus dem Cycle 4.1.
Umeldung a weider Informatiounen
Wann ee Kand matmaache wëll, da musse seng Elteren d’Souche vum Flyer, deen an der Schoul ausgedeelt ginn ass, ausfëllen a se dann entweder an der Schoul oder per Mail beim Michel Czerwinski ofginn.
Remarque: Et ginn 20 PLazen am Schnuppercours a bei der Umeldung gëlt de Prinzip vum „First come, first served“. Ab deem Dag, wou de Cours ufänkt, gi keng weider Umeldunge méi ugeholl.
D’Umeldung gëlt fir de Schnuppercours an och fir den Training, falls d’Kand dofir zréckbehale gëtt. D’Kanner aus dem Schnuppercours kréie vun eis schrëftlech matgedeelt, ob si an d’FIRST LEGO League Team Helperknapp kommen oder net. Fir weider Informatioune kënnt Dir eis gäre kontaktéieren.
Michel Czerwinski | Enseignant am Cycle 4 | michel.czerwinski@education.lu |
Kim Folschette | Instituteur spécialisé en compétences numériques | kim.folschette@men.lu |