Buskaart

All Kand kritt eng Buskaart mat sengem Numm a 6 Ca- sen drop ausgedeelt. Äert d’Kand soll d’Buskaart all Dag a sengem Schoulsak hunn. Wann e Kand wärend dem Transport besonnesch opfält, kritt et e Lach a seng Kaart. D’Lächere vun der Kaart huet folgend Konsequenzen:

  • 1. Lach: schrëftlech Informatioun un d’Elteren
  • 2. Lach: 3 Deeg Ausschloss vum Schülertransport
  • 3. Lach: 1 Woch Ausschloss vum Schülertransport
  • 4. Lach: Convocatioun vun den Elteren an de Schäfferot an 1 Mount Ausschloss vum Schülertransport
  • 5. Lach: 3 Méint Ausschloss vum Schülertransport
  • 6. Lach: Ausschloss vum Schülertransport fir de Rescht vum Schouljoer