Elterevertrieder an Elterevereenegung

D’Elteren vun de Kanner vum Campus Helperknapp gi vertrueden duerch gewielten Elterevertrieder. Hei hiere Message:

Léif Elteren,

Mir sinn d’Elterevertrieder, déi am Oktober 2022 fir e Mandat vun 3 Joer gewielt gi sinn.

Eis Ziler a Missioune sinn:

– Austausch an Zesummenaarbecht mam Schoulcomité a Schoulkommissioun

– Verdeedegung vun den Interesse vun der Elteregemeinschaft vis-à-vis vun de Schoulautoritéiten

– Hëllef fir fir e gënschtegt Schoulklima ze suergen

– Ënnerstëtzung fir Schoulaktivitéiten (Coupe Scolaire, Schoulfest, asw.)

– Virschléi maache fir d’Organisatioun vun der Schoul

– eng Meenung iwwer d’Schoulorganisatioun an de PDS bilden

– mindestens 3 Versammlungen am Joer mam Schoulcomité (wei virgesinn am Extrait aus dem Gesetz vum 06.02.2009, Art.49)

Weider Informatioune fannt Dir op der offizieller Säit vun den Elterevertrieder op www.elteren.lu oder Dir kennt eis schreiwen iwwer elterevertrieder@helperknapp.lu

Claude Mousel-Elsen, Sandra Göhlhausen-Wampach, Stéphanie Kemp, Manuela De Rocco a Nadine Frising.


Elteren hunn ausserdeem d’Méiglechkeet, sech an der Elterevereenegung Helperknapp (asbl) ze engagéieren. Weider Informatiounen iwwert d’Aktivitéiten vun der asbl fannt dir op hierem Internetsite oder op dem Flyer hei drënner.