Schoul Check-In

All Cycle organiséiert virun der Rentrée ee Schoul Check-In. Hei kënnen d‘Elteren de Kanner hiert Material an de Klassesall laanschtbréngen an d‘Léierpersoun eng éischte Kéier kuerz gesinn. Zousätzlech zum Schoul Check-In fënnt no der Rentrée an all Cycle d’Eltereversammlung statt.

Schoul Check-In vum 14.09.2026

AuerzäitCycle
15:15 – 16:00Cycle 4
16:15 – 17:00Cycle 2
17:15 – 18:00Cycle 3

Falls dës Auerzäiten d‘Elteren net arrangéieren, da kënne si d’Tut mam Material vum Kand (mat Numm, Klass an Titulaire drop) am Stäreraum op der designéierter Plaz vum Kand senger Klass deposéieren.

Brunch den 14.09.2026

Auerzäit Cycle
09:00-11:00 Précoce a Cycle 1

Falls dës Auerzäiten d‘Elteren net arrangéieren, da kënne si d’Tut mam Material vum Kand (mat Numm, Klass an Titulaire drop) am Stäreraum op der designéierter Plaz vum Kand senger Klass deposéieren.