Säll

Insgesamt ginn et 4 Précocesäll ( 2 op all Säit um 1. Stack) mat Dortoiren an der Annexe.

An de Cyclen 1 bis 4 ginn et jeweils 2 Léierbléck vu jeweils 4 Säll. D’Personal aus esou engem Block schafft zesummen an d’Kanner aus deene 4 Klassen hunn och gemeinsam Aktivitéiten. An der Mëtt gëtt et ee Multifunktiounssall, deen zum Gank hin oppen ass. Dësen, sou wéi och de Gank a verschidden Nische gi fir punktuell Aktivitéiten (z.B. Gruppenaarbechten a beweegtent Léieren) benotzt.

An de Cyclen 2 bis 4 ass jeweils ee Joergang an engem Léierblock.

Klassesall C1
Klassesall C1
Multifunktiounssall
Multifunktiounssall