Absencen

Gesetzlech unerkannte Grënn fir d’Feelen am Unterrecht sinn d’Krankheet vum Kand, den Doud vun enger Persoun, déi dem Kand no stoung, an iergendeppes, wat bewierkt huet, datt et dem Kand onméiglech war, an d’Schoul ze kommen.

Wann d’Kand an der Klass feelt, mussen d’Elteren direkt den Enseignant informéieren. Dat geschitt entweder duerch en Uruff oder eng Mail (jee nodeem, wat mam Enseignant an der Eltereversammlung ofgemaach gouf). Wann d’Kand méi laang wéi dräi Deeg feelt, muss den Enseignant e Certificat vum Dokter kréien.

All Absence gëtt am Regëster festgehal a kënnt an de Bilan stoen. De Schoulpresident informéiert de Schäfferot iwwert all Fall an deem d’Schoulflicht net respektéiert gëtt.

Wann d’Elteren eng begrënnten (schrëftlech) Ufro maachen, kann hiert Kand eng Dispense vum Unterrecht kréien. Eng Dispense gëtt accordéiert :

  • vum Enseignant, wann et just fir een Dag ass
  • Vum President vum Schoulcomité, wann et fir méi wéi een Dag ass.

Am Ganze kann de President vum Schoulcomité deemselwechte Kand net méi wéi 15 Deeg, dovun der 5 hannerteneen, pro Schouljoer accordéieren. Fir méi muss eng Demande un den Educatiounsminister gemaach ginn. Et gi keng Dispensen accordéiert fir d’Schoulvakanzen ze verlängeren.