Äddi-Kaart

All Kand aus dem C1 an dem C2.1 huet eng Äddi-Kaart u sengem Rucksak. Dës transparent Enveloppe weist dem Personal vum Campus un, wouhin d‘Kand no der Schoul geet: eng Säit ass fir moies an déi aner fir mëttes no der Schoul (rectoverso). D‘Eltere kréien am Ufank vum Joer ee Set mat alle Käertecher fir an d‘Enveloppe mat heem. Si mussen all Schouldag doheem d‘Enveloppe aktualiséieren.