Offer

Vum 2. Oktober 2023 un bitt d’Lasep um Campus Helperknapp ausserhalb vun de Schoulvakanzen all Woch Sportscoursen no der Philosophie „Multisports“ un. D’Kanner léieren also dat ganzt Joer iwwer verschidde Sportaarte kennen. Déi Kanner, déi an der Maison relais ageschriwwe sinn, gi vun engem Responsabele vun der Maison relais oder vun der LASEP bis an d’LASEP bruecht. D’Kanner aus der LASEP Helperknapp kënnen am Laf vum Joer och u Manifestatioune vun der nationaler LASEP deelhuelen.

Am Schouljoer 2023/2024 bitt d’LASEP Helperknapp folgend Coursen un:

ZyklusDagAuerzäitResponsabel 1Responsabel 2
Précoce Dënschdeg14.45 – 15.45 Auer
Start vum Précoce-Cours réischt no der Allerhelljevakanz
Anne-Sophie Schaus
anne-sophie.schaus@education.lu
Soraia Batista Filipa / Kevin François (Maison relais)
mre@campus-helperknapp.lu
1Dënschdeg13.45 – 14.45 AuerAnne-Sophie Schaus
anne-sophie.schaus@education.lu
Danielle Gengler
danielle.gengler@education.lu
2Méindeg12.55 – 13.55 AuerMike Kraus
mike.kraus@education.lu
Brigitte Origer
brigitte.origer@education.lu
3Mëttwoch12.55 – 13.55 AuerMichel Czerwinski
michel.czerwinski@education.lu
/
4Freideg12.55 – 13.55 AuerLuana Englaro
luana.englaro@education.lu
/
Schwammen
(Miersch)
DonneschdegDépart vum Bus um Campus Helperknapp um 13.30 Auer
Retour vum Bus um Campus Helperknapp um 15.30 Auer
Horaire vum Cours sur Place zu Miersch: 13.50 – 15.10 Auer
Gaby Gloden (C1)
gaby.gloden@education.lu
Gaby Thielen (C2-4)
thielengaby@gmail.com
Wann Äert Kand net u sengem Cours deelhuele kann, dann informéiert wgl. virum Cours den/d‘ Responsabel vum Cours.

Aschreiwung

D’Aschreiwungen an d’Coursë vun der Lasep si vum 1. September un dat ganzt Joer méiglech. An all eise Coursë sinn d’Plaze limitéiert a ginn nom Prinzip „first come, first served“ verginn.

Respektéiert wgl. folgend Etappe fir Äert Kand anzeschreiwen:

  1. Hei iwwerpréifen, ob am Cours, deen Iech interesséiert, nach eng Plaz fräi ass
  2. D‘Aschreiwungsdokument eroflueden
  3. All d’Säiten ausfëllen (wa méiglech um Computer oder op engem Tablet fir Pabeier ze spueren))
  4. D’Cotisatioun vu 40 Euro pro Kand iwwerweisen op de Konto LU52 1111 7049 1011 0000 (Titulaire : Lasep Helperknapp ; Banque : Post Luxembourg ; BIC: CCPLLULL ; Communication : prénom, nom, cycle de votre enfant ). Déi 40 Euro si gülteg fir d’Turnen a fir d’Schwammen. Si mussen also just eemol pro Kand a pro Schouljoer bezuelt ginn.
  5. Déi 3 vollstänneg ausgefëllte Fichen sou wéi eng „Preuve de payement“ via Mail un de Sekretär Michel Czerwinski schécken an op eng schrëftlech Confirmatioun waarden. Wann Dir no 3 Deeg nach keng Äntwert kritt hutt, da mellt Iech wgl. nach eemol per Mail an/oder Telefon beim Sekretär, well Äre Message da villäicht am Spamuerdner gelant ass.
  6. All d’Kanner, déi un eise Coursen interesséiert sinn, mussen dem System „chèque service“ bäitrieden. D’LASEP-Stonn gëtt zwar an der Maison Relais comptabiliséiert, awer net facturéiert (gratis). Wann Äert Kand nach net an deem System ass, da musst Dir um Populatiounsbüro vun der Gemeng passéieren. Ier Dir do passéiert, kontaktéiert wgl. de Populatiounsbüro op der Nummer 288040221 fir ee Rendez-vous ze huelen.

Néidegen Equipement

Fir all Seance brauchen d’Kanner Sportskleeder a Sportsschung, sou ewéi och ee Bidon voll mat Waasser.
D’Kanner aus dem Cycle 1 ginn och op den Airtramp a brauchen dowéinst och Antirutschstrëmp, eng laang Sportsbox an ee laange Shirt. Déi betraffe Famille kréie weider Informatiounen zum Airtramp, sou wéi ee Planning zougeschéckt.

Ofmeldung

Wann Äert Kand net komme kann, dann informéiert wgl. schrëftlech dee responsabelen Dirigeant / déi responsabel Dirigeanten doriwwer (cf. Tabell uewen).

Weider Froen?

Fir weider Informatiounen, kontaktéiert wgl. de Sekretär vun der LASEP Helperknapp.

Michel CzerwinskiGSM: 661 929 438Mail: michel.czerwinski (at) education.lu