Schouluebst


De Schouluebstprogramm (fréier Fruit4school) ass ee Projet, dee vun der europäescher Unioun un d’Liewe geruff ginn ass. Zu Lëtzebuerg leeft de Projet säit 2020 ënnert dem Landwirtschaftsministère a gëtt vun der Administration des services techniques de l’agriculture (ASTA) ausgefouert.
D’Kanner sollen duerch dëse Projet

  • de Genoss vun Uebst a Geméis kenneléieren
  • u gesond Iessen erugefouert ginn
  • Wëssen iwwer Uebst a Geméis mat op de Wee kréien.

Eemol pro Woch kritt all Grondschoul, déi um Programm deelhëlt, frëscht Uebst a Geméis geliwwert, sou dass d’Kanner eemol pro Woch mindestens eng Portioun gratis Uebst oder Geméis ausserhalb vun de Molzechte kréien. Déi geliwwert Quantitéit gëtt un d’Unzuel vun de Kanner aus der Schoul ugepasst.