Dagesoflaf

Accueil

D’Maison Relais mécht seng Dieren um 6:45 op fir den Accueil. Déi Kanner, déi viru 7:25 do sinn, hunn d’Méiglechkeet ee Frühstück ze kréien. Tëschent 7:35 – 7:40, bréngt d’édukativt Personal d’Kanner aus dem Précoce an dem Zykel 1 bei hir Joffer (déi am RDC op si waard). D’Kanner aus den Zykelen 2, 3 a 4 gi bis ob den zweete Stack begleet.

Mëttesstonn

Précoce an Zykel 1

D’Kanner, déi an der Maison Relais iessen, gi vun der pädagogescher Ekipp an de Multifunktiounssäll um éischte Stack ofgeholl.

Duerno kënnen d’Kanner entscheeden, op si direkt wëllen iesse goen, oder ob si léiwer an ee vun de 6 Funktiounssäll (Psychomotorik-Sall, , Rollespill Raum, Theatersall, Konstruktiounsraum, Gesellschaftsspiller Raum, Rouraum) oder op d’Spillplaz wëlle goen.

Dat ganzt édukativt Personal kommunizéiert intern wärend der ganzer Mëttesstonn mateneen, fir sécher ze sinn, dass bis zum Schluss all Kand giess huet. Géint 14:00, ginn d’Kanner bei hir entspriechend Klassesäll bruecht.

Zykelen 2, 3 a 4
D’Kanner aus den Zykelen 2, 3 a 4, déi an der MR ageschriwwe si fir d’Mëttegiessen, gi vun der édukativer Ekipp an de Multifunktiounssäll um zweete Stack ofgeholl.

Duerno kënnen d’Kanner wielen, op si direkt wëllen iessen goen, oder ob si léiwer an engem vun de Funktiounssäll (Konschtsall, Rouraum, Demokratiezëmmer, Musik-an Danzsall, Medieraum, Konstruktiounssall, Ludothéik, „Salle défouloire“, Wëssenschaftssall) wëlle spillen.

Dat ganzt édukativt Personal kommunizéiert wärend der ganzer Mëttesstonn mateneen, fir sécher ze sinn, dass bis zum Schluss all Kand giess huet. Géint 14:00, ginn d’Kanner bei hir entspriechend Klassesäll bruecht.

Um 15:50

Précoce an Zykel 1

Bei Schoulschluss ginn d’Kanner am Multifunktiounsall um éischte Stack vum pädagogesche Personal entgéintgeholl. D’Kanner kënnen anschliessend vun de sechs Funktiounsraim vun der Maison Relais, vun de Bricosäll oder vun der Spillplaz profitéieren. Fir déi, déi wëllen, kréien e Snack, deen an der Kantin ausgedeelt gëtt. Et kënnen entweeder Fräispill, spontan Aktivitéiten oder och Réckzuch stattfannen.

Um 18 Auer ginn d’Betréiungspersoune mam Kannergrupp erof an den Accueil-sall resp. an de Psychomotorikraum oder an d’Bibliothéik, bis dass d’Elteren si siche kommen.

Zykelen 2, 3 a 4

D’Kanner aus den Zykelen 2, 3 an 4 ginn an den jeeweilegen Multifunktiounssäll um zweete Stack vum pädagogesche Personal entgéintgeholl. D’Kanner kennen anschliessend vun den Funktionsraim vun der Maison Relais, vun der Spillplaz, de Liesecken oder vun de Bricosäll profitéiren, no der Hausaufgabenzäit. Fir déi, déi wellen, kréien e Snack, deen an der Kantin ausgedeelt gëtt. Et kënnen entweeder Fräispill, spontan Aktivitéiten oder och Réckzuch stattfannen.

Dënschdes an Donneschdes Mëttes

Précoce an Zykel 1

D’Kanner kënnen vun de jeeweilegen Säll oder vun der Spillplaz, vun der Sportshal profitéieren. Tëschend 14 an 16 Auer fannen di geplangten Aktivitéiten statt, fir déi Kanner, déi Loscht hu matzemaachen.

D’Kanner kënnen zu all Moment Aktivitéiten proposéiren.

Zykelen 2, 3 a 4

D’Kanner maachen hir Hausaufgaben nom Iessen. Anschliessend kënne si vun de jeeweilegen Säll oder vun der Spillplaz, vun de Liesecker oder vun der Sportshal profitéiren. Tëschend 14 an 16 Auer fannen di geplangten Aktivitéiten statt, fir déi Kanner, déi Loscht hu matzemachen. D’Kanner kënnen zu all Moment Aktivitéiten proposéiren.

Den Depart

D’Kanner aus allen Zykelen ginn um 18 Auer mat der édukativer Ekipp erof a profitéieren entweeder vun der Salle d’Accueil, vun der Bibliothéik oder dem Psychomotorikraum, bis dass d’Elteren si sichen kommen.