D’Schoulkommissioun huet folgend Missiounen :
- d’Propositioune betreffend d’Organisatioun vun der Schoul an de Schoulentwécklungsplang ze koordinéieren an en Avis fir de Gemengerot auszeschaffen
- d’Ëmsetzung vun der Schoulorganisatioun an dem Schoulentwécklungsplang ze suivéieren
- de périschouleschen Encadrement ze promouvéieren andeems se d’Informatioun, den Austausch an d’Concertatioun tëschent den Elteren, dem Personal aus de Schoulen an de Servicer, déi d’Kanner ausserhalb vun der normaler Schoulzäit en Charge huelen, ënnerstëtzt
- en Avis zu de Rapporte vun der Agence fir d’Entwécklung vun der Unterrechtsqualitéit an de Schoulen auszeschaffen an dem Schäfferot alles matzedeelen, wat am Interessi vum Enseignement fondamental si kéint
- en Avis zum Budget vun de Schoulen auszeschaffen
- sech un der Ausaarbechtung vun der Konzeptioun, der Konstruktioun oder der Transformatioun vu Schoulgebaier ze bedeelegen.
Artikel 50 vum Gesetz vum 6. Februar 2009 betreffend d’Organisatioun vum Enseignement fondamental
D’Schoulkommissioun aus der Gemeng Helperknapp setzt sech aktuell aus folgende Memberen zesummen :
| Numm | Funktioun |
|---|---|
| MANGEN Paul | President, Buergermeeschter |
| BAUS Ben | Member, Schäffen |
| GROHS Christina | Member, Sekretärin |
| GEORGES Lara | Member |
| MAJERUS Yara | Member |
| MALHERBE Louis | Member |
| ZENS Marc | Member |
| HOFFMANN Marie | Member |
| ARENDT Mandy | Member, Chargée de direction aus der Maison relais |
| NEKAT Kerstin | Member, Chargée de direction aus der Maison relais |
| ESTEBANEZ Bryan | Member, Chargé de direction aus der Maison relais |
| CASPAR Corinne | Member, Représentante vum Léierpersonal |
| AREND Tessy | Member, Représentante vum Léierpersonal |
| KOHL Laurent | Member, Représentant vum Léierpersonal |
| DIEDERICH Julie | Member, Représentante vum Léierpersonal |
| MOUSEL-ELSEN Claude | Member, Représentante vun den Elterevertrieder |
| KIEFFER Nadine | Member, Représentante vun den Elterevertrieder |
| VASSALO Nathalie | Member, Représentante vun den Elterevertrieder |
| THILL Céline | Member, Représentante vun den Elterevertrieder |
| MERGEN Patrick | Member, Regionaldirekter |
