Säll

Rez-de-chaussée

Empfangssall

Direkt bei der Entrée ass de « salle d‘accueil » wou d’Kanner virun der Schoul vu 6 :45 -7 :45 vun den Erzéier betreit ginn, éier si an d’Schoul ginn.

Genausou kënnen d’Elteren hir Kanner owes rëm hei ofhuelen.

Professionnellen Theatersall

Um RDC befënnt sech e professionell equipéierten Theaterraum, dee fir grouss Optrëtt a Kollaboratioune mat der Schoul oder och am Kader vun Projete an der

Maison Relais ka benotzt gi.

Bibliothéik

D’Bibliothéik befënnt sech lénks nieft der Haaptentrée. D’Kanner fannen hei bequeem Sëtzplazen, wou si sech der Lektüre kënnen higinn.

Grousse psychomotoresche Sall

De grousse psychomotoresche Raum gouf Stäreraum benannt an ass geduecht fir Beweegung. D’Maison Relais huet sech an der Hisiicht op kleng Motrizitéitsspiller gëeenegt.

Eischte Stack

Précoce – Zykel 1

D’Säll vum Précoce a vum Zykel 1 befanne sech um éischte Stack. Hei sinn d’Säll all ob de Kanner hir Gréisst ageriicht. Um éischte Stack sinn déi verschidde Klassesäll vun der Schoul,

Multifunktiounsraim déi vum Léierpersonal wéi vum édukative Personal benotzt ginn, an zousätzlech nach Funktiounsraim, déi sech an der Mëtt befannen.

Multifunktiounssall
Multifunktiounssall

Gesellschaftsspiller-Raum: An dësem Sall kennen d’Kanner Puzzle, Gesellschaftsspiller oder Memory Spiller nogoen, entweeder am Grupp oder och aleng. Dës Aktivitéite stäerken 

d’Gruppenkohesioun mat anere Kanner, fërderen d’Gestioun vun hire Gefiller, droen zur Sozialisatioun bäi, a fërdert hir Entwécklung vum logeschen Denken.

Gesellschaftsspillraum
Gesellschaftsspillraum

Rollespill-Raum : Dëse Sall encouragéiert Kanner zum Fräispill, mee och zum Nospillen vun verschiddenen Alldagssituatiounen. Wärend dem Rollespill kënnen d’Kanner hir eege Reegelen erfannen. Wärend dem Rollespill léiere si, een deen

aneren ze respektéieren, Reegelen fir e gutt Zesummeliewen an et verstäerkt d’géigesäitegt Vertrauen tëscht de Kanner.

Salle jeux de rôle
Rolleraum Précoce an Zykel 1

Theaterraum: Hei kënnen d’Kanner sech kleng Theaterszenen ausdenken oder och Sketcher, wat zur Fërderung vun hirer Kreativitéit bäidréit. Sie kënnen a verschidde Rollen schlüpfen, an och

kuerz Dréibicher schreiwen. Uschléissend kënne si anere Kanner hir Stécker virdroe.

Theatersall  Précoce an Zykel 1
Theatersall Précoce an Zykel 1

Bau- a Konstruktiounsraum : Dëse Sall soll Kanner dozou encouragéieren, fir hirer Kreativitéit fräie Laf ze loossen a mat verschiddene Materialien experimentéieren ze kënnen, wéi z.b. Holz,

Kappla, Würfelen, Becheren, Kartrong, Matrazen, an anert Material.

Konstruktiousraum Cycle 1 an précoce
Konstruktiousraum Précoce an Zykel 1

Psychomotorik-Sall : Wéi de Sall et scho seet, fannen hei Beweegungsaktivitéiten statt, dëst stäerkt d’Gruppekohesiounsgefill, d’Entwécklung vun der Motricitéit a vum Equiliber. D’Kanner

léieren esou hire Kierper an seng Grenze besser kennen.

Rouraum : An dësem Raum kënnen d’Kanner sech zréck zéien, fir ze raschten oder ze schlofen. D’Kanner ginn awer och motivéiert fir hei ënnerschiddlech roueg Aktivitéiten ze maachen,

wéi Meditatiounen, Yoga, Bicher virgelies kréien oder Phantasiereesen.

Rouraum Cycle 1 a préécoce
Rouraum Précoce an Zykel 1

2te Stack

Den zweete Stack ass fir d’Kanner aus den Zyklen 2, 3 a 4 geduecht.

Lénkse Fligel

Konschtsall: Dëse Sall soll de Kanner d’Konscht an alle méigleche Facette weisen. Dëst geschitt zum Beispill mat visueller Hëllef, eng ganz Mauer gëtt vum pädagogesche Personal

benotzt fir mat Collagen oder Fotoen verschidde Kënschtler, kënschtleresch an historesch Epochen, an och ënnerschiddlech Technike virzestellen. Dat alles fir dass d’Kanner sech sou

ënner anerem inspiréieren an hirer Kreativitéit fräie Laf kënnen ze loossen. Dofir fannen d’Kanner am Sall eng grouss Palett vu Materialien a Faarwen. Eng kleng Bibliothéik zum Thema Konscht wäert de Kanner

zur Verfügung stoen, fir Inspiratioun.

Rouraum: Hei am Sall sollen d’Kanner d’Méiglechkeet hu, fir ze raschten oder ze schlofen. Ausserdeem gëtt et hei d’Méiglechkeet, fir méi roueg Aktivitéiten, wéi Meditatiounen,

Yoga, Lies- a Virliesaktivitéiten, oder Phantasiereesen duerchzeféieren.

Rouraum Cycle 2-4
Rouraum Zykelen 2-4

Jugendzëmmer: An dësem Sall sollen d’Kanner kënnen hir Iddien an Interessen austauschen. Dëse Sall ass éischter fir déi méi al Kanner geduecht, a kënnt éischter op ee Sall aus

dem Jugendhaus eraus. Hei sollen dann och d’Kanner sech mol ënnereneen austauschen oder zesummen Iddien fir Projeten ausgeschafft ginn.

Jugendraum
Jugendzëmmer

Demokratie-Sall: Dëse Sall ass geduecht fir dass d’Kanner aus den Zyklen 2, 3 a 4 sech kënne treffen. Hei kënne si d’Initiativ oder Décisiounen huelen, bezüglech Punkten déi si interesséieren. De Kannerkomitée ka sech ebenfalls hei treffen.

Demokratiesall
Demokratiesall

Musik- an Danzsall: Dëse Sall ass virun allem geduecht fir Kanner, déi gäre Choreographie léieren oder och mol experimentéiere wëlle mat neie

Musikrichtungen, oder fir aner Kulturen am musikalesche Sënn kennenzeléieren. Workshops mat externe Professionellen sinn och méiglech.

Danzraum
Danzraum

Rietse Fligel

Am rietse Fligel fënnt een:

Medieraum: Dëse Sall ass sou ausgestatt, dass d’Kanner kënne Dréibicher fir Videoen erstellen, dës Videoen dann ëmzesetzen oder Photoshootinger duerchzeféieren.

Hei fanne si ënnerschiddlech Materialie fir dës ze filmen.

Konstruktiounssall: Genau wéi d’Kanner aus dem Précoce an dem Zykel 1 hunn och d’Kanner um zweete Stack d’Méiglechkeet mat Konstruktiounsmaterialien ze

experimentéieren. Virun allem d’Clix, de Gravitrax a Matrasse sinn de Moment ganz gefrot bei de Kanner. D’pädagogesch Ekipp freet och reegelméisseg bei de Kanner no,

wat grad hir Interesse sinn, a probéieren dann dëst ëmzesetzen.

Konstruktiounsraum Cycle 2-4
Konstruktiounsraum Zykelen 2-4

An der Ludothéik fannen d’Kanner eng Rei Gesellschaftsspiller, déi hirem Alter entspriechen. Gläichzäiteg hu si hei d’Méiglechkeet fir Recherchen ze maachen, dëst kënne

si ënner anerem mat Hëllef vu Sachbicher, wat hinne bei hiren Hausaufgaben oder bei individuellen Interessen hëllefe kann.

Ludothek
Ludothéik

„Salle défouloire“: Virun allem a Momenter mat héijem Stress, deen d’Kanner net méi eleng geréiert kréien, bitt dëse Sall de Kanner ee Raum, wou si hiren Emotioune fräie Laf kënne loossen.

Salle défouloire
„Salle défouloire“

Wëssenschaftssall: Wéi am Handlungsfeld „Wëssenschaft an Technik“ virgesinn, ass dëse Sall mat allerhand Experimentéierkëschten zu den Themen Chimie, Physik a Biologie. Och hei kënne Workshops mat externe Professionellen ugebuede ginn.

Wëssenschaftsraum
Wëssenschaftsraum