Schoulentwécklung (PDS)

All ëffentlech Schoul am Land definéiert fir een Zäitraum vun 3 Joer ee Schoulentwécklungsplang („Plan de développement scolaire“). An eisem aktuelle Schoulentwécklungsplang, dee vun 2021 bis 2024 leeft, hu mir folgend Zil festgehalen:

Matbestëmmend kooperatiivt Léieren duerch Kooperatioun ënner Erwuessenen a stimuléierende Léierräim fërderen.

Dozou hu mir och verschidden Ënnerziler definéiert.

  1. Opgrond vun de bestoende gemeinsamen Aktivitéiten, Prozesser a Kommunikatiounsreegele schaffe mir zesumme mat der Maison Relais ee schrëftlecht Konzept fir eng gemeinsam organistoresch a pädagogesch Approche aus.
  2. Mir notzen den Office365 (SharePoint, Teams) an all Cycle am Alldag an optimiséieren den Opbau dovunner duerch reegelméissege Feedback vum Terrain.
  3. Ab September 2022 gëtt sech all Cycle ee Konzept fir eng kooperativ Notzung vun de Raim a fir d’Organisatioun vum Appui an d’Differenzéierung, bei deem den TIC, d’Methodevielfalt, d’Raimlechkeeten an d’Partner am neie Gebai optimal agesat ginn.
  4. D’Schoul schafft e cyclesiwwergräifend Konzept aus fir d’Kanner zum reflexiven, matbestëmmenden an eegeverantwortleche Léieren ze encourgagéieren.
  5. Mir etabléieren eng demokratesch Participationskultur an de Klassen an um Niveau vum ganze Gebai.