Kantin

D’Kantin fir d‘Kanner ass an dräi Säll ënnerdeelt:

Direkt niewent dem Empfangssall ass den éischte Kantinssall, dee fir d’Kanner aus de Zyklen 2, 3 a 4 ass. D’Kanner kënnen entweeder zu 2, 4 oder 6 pro Dësch zesummensetzen.

Iesssall Zykelen 2 – 4

An der Mëtt vun deenen 3 Säll, ass den Iesssall fir de Précoce an den Zykel 1. Hei ass alles op hir Gréisst ageriicht.

Iessall Précoce an Cycle 1
Iessall Précoce an Zykel 1

Den drëtte Sall ass och fir d’Kanner vun den Zykelen 2, 3 a 4, an en ass d’selwecht ageriicht, wéi deen éischte Sall.

Iesssall Cycle 2-4
Iesssall Zykelen 2 – 4

An der Kantin gëtt et de Buffetsystem, dat heescht, dass d’Kanner selwer kënne raussichen, zu wéiengem Moment si wëllen iesse goen, genau sou wat si wëllen iessen.

D’édukativt Personal géreiert d’Kommen a Goen an deenen 3 Säll, a passt op, dass zum Schluss vun der Mëttesstonn all Kand giess huet. D’édukativt Personal passt op bei de Liewensmëttelallergien an de Liewensmëttelintoleranze vun de Kanner.

buffet
Buffet

De Menü vun der Kantin fannt dir um Site vun der Gemeng.