Campus Helperknapp

Campus Helperknapp
Campus Helperknapp

De Campus Helperknapp ass e wonnerschéinen, an d’Natur integréierte Site, dee vill Méiglechkeete bidd. Esou kënnen d’Kanner do an d’Schoul an an d’Maison Relais goen, grad wéi och vun der Fräizäitoffer profitéieren. Um Site schaffe Personal aus Schoul, Maison Relais a Gemeng enk zesummen.

All Gemengeservicer déi mat der Schoul oder der Maison Relais ze dinn hunn ginn ab der Rentrée um Campus Helperknapp geréiert:

  • Organisation scolaire
  • Aschreiwungen (Schoul, Musekschoul)
  • Certificaten
  • Chèques-Service
  • a sou weider.