Banque alimentaire

Am Dezember sammele Schoul a Maison Relais zesummen haltbar Liewensmëttel fir bedürfteg Leit a spenden dës duerno un d‘Banque alimentaire, déi sech ëm d’Verdeelung këmmert.

Am Dezember 2021 goufe bei dëser Aktioun 585 kg Liewensmëttel gespent. Ee grousse Merci un all déi, déi matgemaach hunn!