Acteure fir d’Ënnerstëtzung vu Kanner mat spezifesche Besoinen

Fir Schüler, déi duerch hir geeschteg, emotional, sensoresch oder motoresch Besonnechheeten net déi normal Ausbildung kënne maachen, gesäit d’ Gesetz e System op dräi Niveauen vir:

• um lokalen Niveau, an de Schoulen: spezialiséiert Enseignanten (I-EBS), Approche fir Inklusioun a pädagogesch Adaptatiounen.

Déi lokal Interventioun gëtt an engem personaliséierte Léier- an Ënnerstëtzungsplang (PPAA) festgehalen.

um regionalen Niveau, an den regionalen Direktiounen: D’ Betreiung vu Schüler mat speziellen oder spezifesche Bildungsbedürfnisser leit ënnert der Responsabilitéit vun de Grondschouldirketiounen.

Eng adequat Betreiung fir Schüler mat spezielle Besoinen gëtt vun der Inklusiounskommissioun (CI) definéiert.

En Ënnerstëtzungsteam fir Schüler mat speziellen oder spezifesche Bildungsbedürfnisser aus Psychologen a Pädagogen (ESEB-Diagnostik) beréit Elteren, Enseignanten a kann ambulant Betreiung organiséieren, déi vu Logopäden, Psychomoten, diploméierten Erzeiher an Sozialpädagogen (ESEB-Assistance) ausgeféiert gëtt.

D’ Interventioun ronderëm d’ Kand gëtt an engem individuellen Förderplang (PPCI) festgehalen an den Elteren fir accord ënnerbreet.

• op nationalem Niveau, an enger Schoul oder engem spezialiséierte Kompetenzzenter.

Op Basis vun engem CI-Fichier an enger spezialiséierter Diagnos bitt d’National Inclusiounskommissioun (CNI) d’Betreiung vun engem Kand oder engem jonke Mënsch mat spezifesche Bildungsbedürfnisser vun engem oder méi Kompetenzzenteren un.