UGDA Museksschoul

Museksschoul Gemeng Helperknapp

1968 goufen déi 1. Musekscoursë vun der lokaler Museksgesellschaft agefouert a vun der UGDA iwwerpréift.  Säit dem Gesetz vun 1998 iwwert de Museksunterrecht offréiert Gemeng Helperknapp d’Musekscoursen zesumme mat der UGDA  an eiser Gemeng. D’Coursë gi vun der UGDA Museksschoul mat hire Chargé(e)s de Cours organiséiert.

 Kanner an Erwuessener kënnen an der Museksschoul Éveil musical, Formation musicale (1-4) an och en Instrument léieren.

D’Coursë gi vu méindes bis samschdes ofgehalen.

D’Horairë fir d’Instrumentalcoursë gi vun den Enseignanten aus der UGDA Museksschoul am Ufank vum neie Schouljoer festgeluecht.

Folgend Coursë ginn an eiser Gemeng ugebueden:

Éveil Musical 2. Joer ass vum Cycle 1.2 un (ab 5 Joer vum 31.08)

Éveil Musical 3. Joer ass vum Cycle 2.2 un (ab 6 Joer vum 31.08)

Den Éveil Musical dauert eng Stonn.

D’Formation musicale (1-4) gëtt vum Cycle 2.2. un ugebueden (7 Joer op den 31.08).

Dës Coursen hunn eng Dauer vun 1 Stonn, 1 Stonn 30 Minutten oder 2 Stonne je no Niveau.

D’Coursen an d’Vakanze vun der Museksschoul passe sech de reguläre Schoulzäiten un.

Folgend Instrumenter kënnt dir bei eis léieren:

Flûte traversière, Clarinette (B-Clarinette, Bassclarinette), Saxophon (Sopran, Alt,Tenor,Bariton),Trompette/Bugle/Cornet, Cor (Horn), Bariton, Tuba, Euphonium, Trombone,

Percussion, Drumset (Batterie), Xylophon,

Piano (nom 2. Joer Solfège)

All Instrumente-Coursë sinn individuell gestallt.

D’Organisatioun vum Jugendensembel leeft iwwert d’UGDA Museksschoul .

D’Prouwe vum Jugendensembel daueren eng Stonn a sinn eemol an der Woch. All Kand, dat op d’mannst ee Joer Instrumentecours bestanen huet, ka bei dësem Ensembel matspillen.

Weider Informatioune fannt Dir um Site vun der UGDA Museksschoul:

https://www.ugda.lu/ecole-de-musique

https://www.ugda.lu/fr/ecole-de-musique/enseignement-musical/aid