Aktivitéiten a Projeten

Eng Aktivitéit ass ee pädagogescht Angebot, bei deem d’Kanner sech weiderentwéckele sollen an engem oder méi Beräicher, wat zäitlech begrenzt ass, op eng oder zwou Kéieren.

Hei e puer Beispiller:

Escape Game (stäerkt d’logescht Denken), Workshop „Mocktail“ (nei Gouter kenneléieren), Shakespeare-Day (Kenneléiere vu berühmte literaresche Stécker a Kombinatioun mat engem Workshop wou e Schlësselobjet vun engem

Theaterstéck am Mëttelpunkt steet), Workshop Manga (d’Kanner krute vun enger profesioneller Këschtlerin erklärt, wéi een e Manga molt), Aktivitéit ëffentlechen Transport (D’Kanner aus dem Zykel 4.2 hu geléiert, wéi een den ëffentlechen

Transport benotzt, éier si an de Lycée ginn), Aktivitéiten zu verschiddenen Kënschtler (Frida Kahlo/Klint/Elmar), Workshop „Kniwwelino“ (d’Kanner léieren Basiskenntnisser vum Computer programméieren)

E pädagogesche Projet ass ënnerdeelt a méi Aktivitéiten (mindestens 4 Stéck). Heiandsdo schaffen d’Kanner op ee spezifescht Zil hinn, mä all Kéier geet et dorëmmer, dass si Wëssen, Know-how a Sensibiliséierung bezüglech engem oder

méi Themen oder Wäerter kréien.

Hei e puer Beispiller:

Modenschau zum Thema Rassismus + Sensibiliséierung zu deem Sujet, Relaxatiouns-Techniken a Yoga kenneléieren, Projet „Kachen a Baken“ –> d’Kanner léieren einfach Rezepter kennen, déi si och doheem einfach nomaachen kënnen/

Sensibilisierung zu gesonder Ernährung/a Kombinatioun mat engem literareschen Thema, Schreiwe vu Sketcher an Theaterstécker a verschiddene Sproochen/ Kenneléiere vun de Wëssenschafte mat Hëllef vu Workshops/Schmuck hirstellen/

Kenneléiere vu äthereschen Ueleger an Naturkosmetik

Ee pädagogesche Projet ass ënnerdeelt a verschidden Aktivitéiten

  • Projet Relaxatioun-Yoga : D’Kanner aus alle Zykelen maache gär Yoga. D’pädagogescht Personal hofft um neie Campus dëse Projet méi auszebauen, a vun den neie Säll ze profitéieren wéi zum Beispill den Danz-Sall.
  • Projet Nohaltegkeet/Anti-Gaspillage/Upcycling/Zero plastic : Dëse Projet ass der pädagogescher Ekipp wichteg, a soll zesumme mat de Kanner um Campus nach méi ausgeweit ginn.
  • Projet „Pimp up our Science Room”: Dëse Sall gëtt sou équipéiert, dass d’Kanner Interessi un de Wëssenschafte kréien. 4 Workshope si fir d’Schouljoer 2022/2023 mat externe professionelle Partner geplangt, fir dass d’Kanner d’Wëssenschafte besser kenneléiere kënnen.
  • Projet Konzept vun der „Salle défouloire“: Dëse Sall wäert sou équipéiert ginn, dass et ee Sall gëtt, wou d’Kanner ënner anerem mat Hëllef vu Workshopen, mä och anerwäerts léieren, mat hire Gefiller ëmzegoen, oder se als éischte Schrëtt iwwerhaapt mol kënne benennen an an engem positive Wee och kënnen ausliewen.
  • Projet L-P-SB-J-S (L fir d’Literatur, P fir d’Poesie, SB fir Storyboards, J fir Witzer/Jokes a S fir Sketcher). Wéi den Numm vum Projet scho verréit, hëlleft dësen de Kanner hirer Kreativitéit auszeliewen. Un éischter Stell ass et un de Kanner fir aktiv ze ginn, an an deene verschiddene Beräicher Texter ze schreiwen. An enger zweeter Phas, kënne si entscheede a wéiengem Beräich si sech wëlle matdeelen. D’Zil vum Projet, ass ob enger Säit d’Ausliewe vun der Kreativitéit an ob der anerer Säit de Gebrauch vun der Sprooch, ee Bléck ze kréien, wéi een dat lo ëmsetzen kann, zum Beispill wéi ech mäin Text ob d’Bün kréien, wéi benotzen ech meng Stëmm, meng Hänn, wéi eng Medie kann ech soss nach benotzen.
  •  Projet Gender Equality-Values-INTO-Art: E Projet iwwer d’Wäerter wäert réaliséiert ginn, wou d’Kanner all artistescht Mëttel kënne benotzen fir sech auszedrécken zu dësem Thema.
  • Projet Sensibilisation Nature
  • Projet Gefiller a Selbstvertrauen (Zykel 1)
  • Projet Sport
  • Projet „Konstruktiouns-Spiller“ mam Zykel 1: De Kanner gi systematesch nei Materialie ugebueden, mat deene si hirt Ëmfeld erfuersche kënnen. Hei gëtt ee spezifescht Thema behandelt, wat d’Kanner raussichen.
  • Projet „Graffiti“ mat den Zykelen 3 a 4: Hei gëtt eng grouss Plak mat de Kanner bemolt, déi verschidden Themen duerchstelle sollen. Dëse Plak gëtt duerno an den Danzsall opgehaang.
  • Projet „Sketch-Marathon“ mat den Zykelen 3 a 4: D’Kanner solle kreativ ginn, a sech verschidde Sketcher ausdenken. Hirer Kreativitéit an der Sprooch ginn hei keng Grenze gesat.
  • Projet „Musikinstrumenter“ fir all Zykel: Hei ass d’Iddi fir Instrumenter ze bauen aus Naturmaterialien, oder dass anert Material dofir recycléiert gëtt.
  • Méi ee grousse Projet deen nach net définéiert ass, gëtt organiséiert dësen ass eng « Action d’autofinancement ».