Institutrice spécialisée dans la prise en charge des enfants à besoins spécifiques (I-EBS)

Tammy KaiserLéierin mat enger Spezialisatioun an der Betreiung an der Fërderung vu Kanner mat spezifesche Besoinen (I-EBS)

Mäin Numm ass Tammy Kaiser an ab der Rentrée 2023/2024 schaffen ech als I-EBS an der Schoul Helperknapp.

D‘I-EBS ënnerstëtzt d’Léierpersoun an déi pedagogesch Ekipp bei der Ëmsetzung vun engem Unterrecht, deen op d’Kanner mat spezifesche Besoinen ausgeriicht ass.

Um lokalen Niveau hutt d‘I-EBS folgend Aufgaben:

  • d’Erstelle vun enger Agangsanalys vun der Situatioun vum Schüler um Niveau vun de schoulesche Performancen, an Ofsprooch mat der pedagogescher Ekipp;
  • d’Betreiung vun engem Schüler mat spezifeschem Fërderbedarf an der Klass, dëst an enger inklusiver Approche;
  • Bespriechunge mat der Léierpersoun an dem pedagogeschen Team iwwer de Schüler mat spezifeschem Fërderbedarf;
  • d’Elteren iwwer d’Fortschrëtter am schoulesche Beräich vun hirem Kand informéieren;
  • d’Léierpersounen aus der Schoul an d’Personal aus der Maison Relais a Bezuch op dat spezifescht Kand beroden;
  • déi pedagogesch Ekipp a Bezuch op d’Betreiung an d’Fërderung vun de betraffene Schüler beroden;
  • d’Moossnamen a Bezuch op d‘Betreiung vu Kanner mat spezifeschem Fërderbedarf um Niveau vun der Schoul koordinéieren;
  • d’Entwécklung vun enger Demarche a Bezuch op d’Fërderung vu Kanner mat engem spezifesche Fërderbedarf a Relatioun mam PDS vun der Schoul an an Ofsprooch mam Schoulpersonal a mam Personal vun der Maison Relais;
  • de Lien zu der Comission d’inclusion maachen (CI).

Um regionalen Niveau hutt d‘I-EBS folgend Aufgaben:

Stellt d‘I-EBS, no Ofsprooch mat der pedagogescher Ekipp an de concernéierten Eltere fest, dass den Encadrement, deen an der Schoul ka gemaach ginn, net duergeet, ass et d’Aufgab vun der ESEB, en Diagnostik ze erstellen an de Suivi vun der Prise en Charge vum Kand mat spezifeschem Fërderbedarf, an Zesummenaarbecht mat der Schoul, dem I-EBS a gegebenenfalls dem Service médico-social oder aneren Instanzen ze maachen.