Konzept

Eis Visioun: Zesummen uechtsam liewen a léieren
An der jorelaanger Planungsaarbecht virun der Ouverture vum Campus Helperknapp gouf, baséierend op de Virstellunge vun allen Acteuren, d’Visioun „Zesummen uechtsam liewen a léieren“ festgehalen.

Um Campus Helperknapp liewen a léiere vill Kanner an Erwuessener zesummen op engem Site. Et ass eng Chance, dass esou vill verschidde Persoune mat ënnerschiddleche Kompetenzen an engem Gebai intervenéieren. D’Architektur vum Gebai mat senge Léierbléck (4 Klasseraim + ee Multifunktiounsraum) an de Maison Relais Raim ass op d‘Zesummenaarbecht tëschent all dësen Intervenanten ausgeluecht.

Fir dass déi Zesummenaarbecht klappt, ass een uechtsamen a respektvollen Ëmgang matenee wichteg. Et soll jidderee sech um Campus wuelfillen. Wa Problemer optauchen, soll oppen an transparent mat de Concernéierten no enger Léisung gesicht ginn. Jidderee soll sech fräi äussere kënnen an och déi néideg Empathie fir anerer opbréngen.

De Campus Helperknapp ass e wonnerschéinen, an d’Natur integréierte Site, dee vill Méiglechkeete bidd. Esou kënnen d’Kanner do an d’Schoul an an d’Maison Relais goen, grad wéi och vun der Fräizäitoffer profitéieren. Vill Kanner wäerten also vill Zäit op dësem Site verbrénge fir ze léieren, ze entdecken, sech ze beweegen, fir do Spaass ze hunn, bref : fir do ze liewen. All Acteur soll säin Deel dozou bäidroen, dass et sech gutt do liewen a schaffe léisst an dass eng agreabel Atmosphär herrscht, an deeër jidderee sech wuelfillt.

Wa mir zesummen uechtsam a respektvoll um neie Site liewe fir dass jiddweree sech wuel fillt, si schonn ideal Konditioune fir de Léierprozess bei de Kanner geschaf. Déi intrinsesch Motivatioun wëlle mir nach zousätzlech stäerken andeems mir d’Kanner um Wee zu engem eegeverantwortleche Léieren ënnerstëtzen. Fir dass d’Kanner sech mam Campus identifizéieren, solle si duerch eng partizipativ Approche an demokratesch Entscheedungsprozesser um Niveau vum eenzelne Grupp, vum Cycle a vum ganze Gebai mat agebonne ginn.