Wëllkomm um Campus Helperknapp!

De Campus Helperknapp zeechent sech duerch eng enk Zesummenaarbecht tëscht 3 Acteuren aus, an dëst op engem eenzegartege Site an am Interessi vun alle Kanner aus der Gemeng Helperknapp.

« Zesummen uechtsam liewen a léieren »

An der jorelaanger Planungsaarbecht virun der Ouverture vum Campus Helperknapp gouf, baséierend op de Virstellunge vun allen Acteuren, d’Visioun „Zesummen uechtsam liewen a léieren“ festgehalen.

Um Campus Helperknapp liewen a léiere vill Kanner an Erwuessener zesummen op engem Site. Et ass eng Chance, dass esou vill verschidde Persoune mat ënnerschiddleche Kompetenzen an engem Gebai intervenéieren. D’Architektur vum Gebai mat senge Léierbléck (4 Klasseraim + ee Multifunktiounsraum) an de Maison Relais Raim ass op d‘Zesummenaarbecht tëschent all dësen Intervenanten ausgeluecht.

D’Maison Relais Helperknapp baséiert hier pedagogesch Approche um Nationale Bildunsrahmen vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend fir datt d’Qualitéit an hierer alldeeglecher Aarbecht mat de Kanner garantéiert ass.

Kanner solle sech fräi – ouni Obligatioun – beweegen fir sech esou duerch hir eegen Erfaarungen z’entfalen.

 

Eng Ekipp vun erfuerenen Enseignanten déi d’Kanner begleede fir sech Wëssen a Kompetenzen unzëeegnen.

D’Gemeng Helperknapp ënnerstëtzt d’Ekippe vun der Maison Relais an der Grondschoul an hire Missiounen an assuréiert d’Sécherheet vun den Infrastrukturen.

D’Gemeng assuréiert d’Zesummenaarbecht tëscht den 3 Haaptacteuren an allen externen Acteuren.

MERCI

De Schäfferot wëll op dëser Plaz de Partner vum Campus Helperknapp hieren Dank ausschwätzen datt se den Erfolleg vun dëse Videoen an dëser Plattform erméiglecht hunn.

Besonnesch ervirzehiewen ass déi exzellent Aarbecht vun de Kanner déi „Alles ginn hu“ fir hiere Kolleeg*innen ze weisen wat si ab September 2022 erwaart an de ville verschiddene Videoen.

BRAVO!