All ëffentlech Schoul am Land definéiert fir een Zäitraum vun 3 Joer ee Schoulentwécklungsplang („Plan de développement scolaire“). An eisem aktuelle Schoulentwécklungsplang, dee vun 2021 bis 2024 leeft, hu mir folgend Zil festgehalen:
Matbestëmmend kooperatiivt Léieren duerch Kooperatioun ënner Erwuessenen a stimuléierende Léierräim fërderen.
Dozou hu mir och verschidden Ënnerziler definéiert.
- Opgrond vun de bestoende gemeinsamen Aktivitéiten, Prozesser a Kommunikatiounsreegele schaffe mir zesumme mat der Maison Relais ee schrëftlecht Konzept fir eng gemeinsam organistoresch a pädagogesch Approche aus.
- Mir notzen den Office365 (SharePoint, Teams) an all Cycle am Alldag an optimiséieren den Opbau dovunner duerch reegelméissege Feedback vum Terrain.
- Ab September 2022 gëtt sech all Cycle ee Konzept fir eng kooperativ Notzung vun de Raim a fir d’Organisatioun vum Appui an d’Differenzéierung, bei deem den TIC, d’Methodevielfalt, d’Raimlechkeeten an d’Partner am neie Gebai optimal agesat ginn.
- D’Schoul schafft e cyclesiwwergräifend Konzept aus fir d’Kanner zum reflexiven, matbestëmmenden an eegeverantwortleche Léieren ze encourgagéieren.
- Mir etabléieren eng demokratesch Participationskultur an de Klassen an um Niveau vum ganze Gebai.