Kanner an digital Medien

Nei Technologien, den Internet a sozial Medie sinn alles Elementer déi net méi aus eisem Alldag ze denke sinn. Kanner a Jonker wuessen haut an deem Environnement op, als sougenannten Digital Natives. Mee hutt Dir Iech scho mol selwer “erwëscht”, datt Dir méi laang wéi geplangt um Handy waart, oder méi spéit schlofe gaange sidd well Dir nach weider (witzeg) Videoe gekuckt hutt? Da kënnt Dir Iech denken, datt Kanner a Jonker deem Behuelen nach vill méi riskéieren ausgesat ze sinn.

Am Kader vun de ville positiven Aktiounen déi um neie Campus Helperknapp fir eis Kanner organiséiert ginn, si mir frou Iech matzedeelen datt den Zenter fir exzessiivt Verhalen a Verhalenssucht (ZEV) de 27. Abrëll vun 19:00 bis 20:30 Auer een interaktiven Informatiounsowend fir Eltere proposéiert deen ënnert anerem probéiert Äntwerten op follgend Froen ze formuléieren:

  • Firwat sinn digital Medie sou faszinant?
  • Firwat ass et wichteg, net direkt vu Sucht ze schwätzen?
  • Wat kann ee maachen, wann “de Bam brennt”?
  • Wéi kann een een exzessive Gebrauch vun digital Medien ënnerbannen?

Mir wieren Iech dankbar, wann Dir Iech kéint iwwer events@campus-helperknapp.lu umellen.