Kontaktopnam bei Froen zur Schoul an zum Unterrecht

Léif Elteren,

Mir wëllen Iech dorun erënneren, wéi wichteg eng efficace Kommunikatioun fir d’Wuelbefannen an den Erfolleg vun Äre Kanner ass. Sollt Dir Froen oder Suergen iwwer den Unterrecht oder d’Organisatioun vun der Schoul hunn, ass et wichteg, datt Dir Iech als éischt un d‘Léierpersoun vun Ärem Kand riicht.

Wann Dir, no dëser éischter Moossnam, mengt, datt sech d’Situatioun net verännert huet, kënnt Dir Iech dann un de Coordinateur/d’Coordinatrice vum Cycle wenden. Dës(e) wäert zesumme mat der concernéierter Léierpersoun eng Versammlung organiséieren, fir Är Bemierkungen a Suergen ze sammelen. Dës Reunioun huet zum Zil, Är Suergen a Reklamatioune grëndlech ze verstoen, esou datt d’Equipe pédagogique se zesummen diskutéieren an no Léisunge siche kann.  

D’Léierpersoun deelt Iech dann duerno déi proposéiert Léisunge mat. Dës ginn och an engem detailléierte Rapport festgehale fir datt d’Direktioun de Suivi huet.

Sollt d’Problematik och no dëser zweeter Etapp bestoe bleiwen, hutt Dir d’Méiglechkeet, e Rendez-vous mam President vum Schoulcomité unzefroen. D’Direktioun gëtt och iwwert den Ausgang vun dësem Gespréich informéiert. Wann et och op dësem Niveau keng Léisung gëtt, kënnt Dir Iech zum Schluss un d’Direktioun wenden.

Heirënner fannt Dir nach eemol d’Reiefolleg vun den Instanzen, déi dir an der Kommunikatioun respektéiere sollt, sou wéi déi néideg Kontaktinformatiounen.

  1. Léierpersoun(en): cf. intern Kommunikatioun vun der Klass
  2. Coordinateuren / Coordinatricë vum Cycle (Setzt wgl. ëmmer déi 2 Persoune vum Cycle en Copie, de Joergangscoordinateur mellt sech da bei Iech.):
  3. President vum Schoulcomité, Laurent Kohl: laurent.kohl@education.lu
  4. Regionaldirektioun Réiden-Atert: secretariat.redange@men.lu

Mat beschte Gréiss,
De Schoulcomité Helperknapp