Kooperatioun Uni.lu

Zanter dem Schouljoer 2021/2022 schafft d’Schoul mat der Uni Lëtzebuerg am Beräich vun der Sportsausbildung vun den zukünftege Léierpersounen zesummen. Esou hunn dës d’Méiglechkeet, ënner Guidance vun hiren Tuteuren Aktivitéite mat Kanner aus eiser Schoul duerchzeféieren. D’Kanner profitéieren dobäi vu flotten Aktivitéiten an d’Léierpersoune vum Austausch mat der Uni.