Neie Campus Helperknapp: liewen a léieren am Häerz vun der Natur!

E Freideg, den 19. Mee huet déi ëffentlech Aweiung vum neie Campus Helperknapp stattfonnt, bei där déijéineg, déi um Projet bedeelegt sinn, dem Public interessant Abléck an d’Entsteeungsgeschicht vum héichmoderne Schoulcampus vermëttelt hunn. De Frank Conrad (Buergermeeschter vun der Gemeng Helperknapp), de Jean-Claude Bisenius (Schäffe vun der Gemeng Helperknapp), den Olivier Zirnheld (Schroeder & Associés), den Tom Beiler (BFF architectes), de Laurent Kohl (President vum Schoulcomité Helperknapp), de Patrick Mergen (Direkter vun der Grondschoul) an d’Carina Gonçalves (Generaldirektesch vu Caritas Jugend a Famill) hunn hir perséinlech Erfarungen an Andréck matgedeelt. De Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, Claude Meisch, huet a senger Usprooch d’Bedeitung vun dësem innovative Projet vun der Gemeng Helperknapp ervirgehuewen.

Hei drënner fannt fir déi nei Videoen iwwert de Campus:

Et une sélection de photos prises ce jour:

An eng Auswal u Photoen déi deen Dag geholl goufen:

An hei nach déi offiziell Pressecommuniquéën: