D’Elteren vun de Kanner vum Campus Helperknapp gi vertrueden duerch gewielten Elterevertrieder. Hei hiere Message:
Léif Elteren,
Mir sinn d’Elterevertrieder, déi am Oktober 2025 fir e Mandat vun 3 Joer gewielt gi sinn.
Eis Ziler a Missioune sinn:
– Austausch an Zesummenaarbecht mam Schoulcomité a Schoulkommissioun
– Verdeedegung vun den Interesse vun der Elteregemeinschaft vis-à-vis vun de Schoulautoritéiten
– Ënnerstëtzung bei der Ëmsetzung vun engem gënschtege Schoulklima
– Ënnerstëtzung fir Schoulaktivitéiten (Coupe Scolaire, Schoulfest, asw.)
– Virschléi maache fir d’Organisatioun vun der Schoul
– Informatioun a Meenungsbildung iwwer d’Schoulorganisatioun an de PDS
– Ofhale vu mindestens 3 Versammlungen am Schouljoer mam Schoulcomité (wei virgesi laut dem Gesetz vum 06.02.2009, Art.49)
Weider Informatioune fannt Dir op der offizieller Säit vun den Elterevertrieder op www.elteren.lu oder Dir kennt eis schreiwen iwwer elterevertrieder@helperknapp.lu.
Magali De Rocco, Manuela De Rocco, Claude Mousel-Elsen, Stéphanie Kemp, Nadine Kieffer, Céline Thill an Nathalie Vassalo.
