
Mell dech a gëff Member!
D’Elterevereenegung Helperknapp sicht Elteren, déi Loscht hunn, sech fir d’Kanner an e liewegt Schoulliewen z’engagéieren.
Mir organiséieren an ënnerstëtzen am Laf vum Schouljoer verschidden Aktivitéiten a flott Momenter ronderëm d’Schoul. Dëst Schouljoer hu mir zum Beispill e Bicherdag an e Kannerfloumaart geplangt, mir hëllefe bei Theaterowender a Concerten an der Schoul, organiséieren d’Coupe scolaire mat an ënnerstëtzen d’Schoul- a Campuspersonal bei verschiddene Schoulaktivitéiten.
D’Elterevereenegung ass och eng flott Méiglechkeet, sech mat aneren Elteren auszetauschen, nei Leit kennenzeléieren an zesummen eng aktiv Schoulgemeinschaft matzegestalten.
Dobäi geet et net drëms, ëmmer Zäit ze hunn oder direkt eng grouss Aufgab ze iwwerhuelen. All Hëllef zielt: eng Hand mat upaken, eng Iddi matbréngen, e Kuch baken, bei engem Evenement hëllefen oder einfach emol dobäi sinn.
Mat dengem Engagement kënne mir zesumme flott Erfarunge fir d’Kanner schafen an d’Schoulliewen um Campus Helperknapp nach méi lieweg maachen.
Mir freeën eis iwwer all neit Gesiicht!
E-Mail: elterevereenegung@helperknapp.lu
Facebook: Elterevereenegung Helperknapp
Instagram: evhelperknapp
